Skip to main content

Branches

Wëllefcher - Louveteaux

Wëllefcher - Louveteaux

vun 8 bis 10 Joer

  • Michi TIBOR (Thou) Pica patiente

  • Céline WAGNER (Kaa)

  • Henri SCHREINER (Baloo) Ouistiti modeste

  • Ondine DE LA HAMETTE (Tchill)

  • Eileen SCHANEN

  • Selinda SCHANEN

  • Noémie WEIHBRECHT (Ikki)

D’Wëllefchersbranche lieft no der Devise “Mir dinn eis Bescht”, all zesummen an enger Meute, an engem Ruddel, esou wéi och d’Wëllef am Dschungel dat maachen.

D’Wëllefchersgesetz an d’Wëllefchersmethod baséieren um Dschungelbuch, mam Mowgli, dee vun de Wëllef opgeholl a groussgezu ginn ass.

De Wëllefche versprécht, all Dag engem eng Freed ze maachen an huet mat senge 5 Saache bal alles derbäi wat e brauch.

Bei de Wëllefcher liewe mir zesummen am Dschungel, engem tropesche Bësch, mat ville Planzen. An all eis Bekannt liewen do: d’Wollefsfamill mat hirem Chef Akela, d’Wollefsmamm Rakscha, de schwaarze Panther Bagheera, de bronge Bier Baloo, an déi vill aner….
Am Dschungel ginn et vill Gesetzer, un déi d’Déiren, an och mir, sech sollen halen, fir gutt zesummen ze liewen. Da kann all Mënsch an Déier och zesumme vill bäiléieren a vill Spaass hunn.

Wéi d’Wëllef am Dschungel liewen och d’Wëllefcher zesummen am Respekt mateneen. D’Wëllefchersgesetz hëlleft eis dobäi.

D’Verspriechen, d’Gesetz an d'Devise sollen eis hëllefe besser duerch d’Liewen ze kommen: fir ëmmer ze probéiere säi Bescht ze maachen, ze hëllefe wou ee kann, an sech un d’Gesetz ze halen.

Zesummen an der Meute am klenge Grupp, der Sixaine, erliewe mir Aventuren, erfuerschen d’Natur, spillen, hëllefen an hunn zesumme Spaass. Duerch Vertraue léiert jidderee sech selwer an déi aner kennen a respektéieren. Duerch d’Spill léiere mir zesumme Schwieregkeeten ze meeschteren.

Ons Versammlunge si Samschdes am Home SCBB vun 10.00 bis 12.00 Auer.

E-mail Adress:  This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it. 

Iwwert dëss Adress kennt dir äert Kand un- oder ofmelle fir d'Aktivitéiten an och wann dir Froen un d'Cheffen hutt.

Scouten - scouts

Scouten - scouts

vun 10 bis 13 Joer

  • Estéban ORDENER

  • Daniel WAGNER

  • Tom NAU

  • Fränz NAU Haathee entrepreneur

  • Lou SCHONG

SCOUT SINN HEESCHT: VERANTWORTUNG IWWERHUELEN, SPAASS HUNN, ZESUMME AVENTUREN ERLIEWEN, SECH SELWER WEIDERENTWÉCKELEN, TECHNIKEN, NATUR, RESPEKT, TOLERANZ, KOMPETENZEN ENTWÉCKELEN AN NEIER DERBÄILÉIEREN.

Scoute liewen zesummen mat hire Frënn an enger Patrull, déi aus 6-8 Jongen a Meedercher besteet. An der Patrull ënnerhuele mir vill zesummen, an dozou kann a soll jiddereen säin Deel bäidroen. An der Patrull geet et drëms selwer Initiativ a Kreativitéit ze beweisen an zesumme ze schaffen.

De Scout ass ëmmer bereet, probéiert säi Bescht, iwwerhëlt Verantwortung par rapport zu sech selwer a senge Matmënschen a setzt sech mat senge Scoutsfrënn a fir eng besser Welt.

D’Natur kennen a respektéiere léieren, an duerch selwer maachen, dem „Learning by doing“ sech weiderentwéckelen, sti bei de Scoute ganz uewen op der Lëscht. Dat maache mer an der Patrull, am Grupp, op federalem Niveau an esou guer international.

Versammlungen, Sortien, Weekender, Campen, ZELTEN, Jamboree on the Air and on the INTERNET, Techniken, Feier, Ofseelen, Aventure, Hike, Sport, Kultur, Fotoen, Reporter, Waasseraktivitéiten, Vertrauen, Spiller, Lagerfeier, Sangen, Quiz, Staadtspiller, Bonne Action a villes méi ass bei eis um Programm.

Eis Versammlungen sin emmer Samsdes um SCBB vun 10 bis 12. Komm bei eis do ass emmer eng lass.

E-mail Adress: This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Iwwert dëss Adress kennt dir ärt Kand un- oder ofmellen fir d'Aktivitéiten an och wann dir Froen un d'Cheffen hutt.
Explorer

Explorer

vun 14 bis 15 (16) Joer

  • Stéphane ORDENER Cerf exigeant

  • Kilian LÖBEL

D’Explorer féieren de Scoutsgeescht, deen an deene méi jonke Branchen agefouert gëtt nach e Schrëtt weider: an der Unitéit geet et dobäi verstäerkt ëm d’Zesumme sinn: zesumme liewen, zesumme Spaass hunn an zesummen Aktivitéiten organiséieren a maachen. Deemno ass Responsabilitéit, Chargenopdelung an den Ëmgang am géigesäitege Respekt den A an O an der Explorer – Unitéit.

Zesumme selwer Aktivitéite Plangen an Duerchféieren, Bonne Action, Organisatioun, Campen, Constructiounen, Techniken, Hike, Ravi, Sailing, Musek, Mountaineering, Expeditiounen, Hëllefen, Campen, Bivouac, Entreprise, Together, Iddien, Bauen, Sortie, Visite, Respekt, Raid, Sportsdag, Unité-Pilote

Eis Versammlungen sin emmer Samsdes vun 10 bis 12 um SCBB.

E-mail Adress:  This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Iwwert dëss Adress kann ee sech un- oder ofmellen fir d'Aktivitéiten an och wann ee Froen un d'Cheffen huet.
Rover

Rover

vun 16 (17) bis 21 Joer

  • Stéphane ORDENER Cerf Exigeant

All Scout iwwert 16 Joer ass Rover. Gläichzäiteg kann en och Chef/Responsabel vun enger anerer Branche sinn.

D’Rover organiséieren sech an Clan’en. Meeschtens sinn et Rover aus deem selwechten Grupp, déi e Clan forméieren. Clan’e si selbststänneg an onofhängeg an organiséieren sech hire Programm selwer.

D’Rover kënnen esouwuel hire Grupp bei verschiddenen Aktivitéiten ënnerstëtzen, ewéi och selwer Projet’en op d’Been stellen a realiséieren. Och fir dës Branche sti Spaass an Aventure op Plaz Nummer 1.

D’Roverbranche mécht d’Transitioun zum Erwuesseginn an ënnerstëtzt di jonk Fraen a Männer an der leschter Phase vun hirer Integratioun an eng Erwuessenegesellschaft. Duerch Benevolat a konstant Weiderbildung duerch Formatiounen, Kompetenzentwécklung an -unerkennung hëllefen d’Rover jonken Erwuessene sech méi liicht an enger komplexer a fuerdernder Gesellschaft erëmzefannen a sech duerchzesetzen a vrun allem an där Gesellschaft kënnen en Ënnerscheed ze maachen.

BONNE ACTION

Hei handelt et sech em di bekannte BA. Dës gëtt an alle Branche gemaach, a bei de Rover ass si sécher en haapt Pilier.
All Clan ka seng gutt Aktioune selwer definéiren. Heizou zielt alles vun der Bëschbotzaktioun bis zur grousser Tafelrenovatiouns-aktioun an Tanzania, oder engem service volontaire bei eiser ONDG am Nepal. Egal, wéi keng, egal wéi grouss, BA ass BA an dat ass de (gudde) Geescht vun der Roverbranche.

DÉI GROUSS BA, DÉI MER ALS ROVER VUN DER FNEL ELO SCHO SÄIT ETLECHE JOER MAACHEN ASS D’KACHE BEI DER CHRËSCHTFEIER VUN DER STËMM VUN DER STROOSS.

REESEN A KULTURELLEN ECHANGE:

Reesen an interkulturellen Echange gi bei de Rover groussgeschriwwen. Dat ka jiddereen individuell oder awer am Clan maachen. Am beschte geet dat natierlech op den internationalen Aktivitéiten a Campen:

  • JAMBOREE: beim gréisste Scoutscamp vun der Welt, deen all 4 Joer statt fënnt, kanns du als Rover als International Service Team oder als Chef matgoen.

  • Rovermoot: ass quasi de Jamboree fir Rover

  • Roverway: ass de Camp fir Rover um europäeschen Niveau. Hei ginn et och nach eng Rëtsch aner europäesch Aktivitéiten

  • Service Volontaire bei der ONGD FNEL.

TRADITIOUNEN A FEDERAL AKTIVITEITEN

Nierwt eiser gemeinsamer BA an den INTERNATIONALE RENCONTREN, gëtt et bei de FNEL Rover nach e puer nei an al Traditiounen. Dozou gehéiert vrun allem den HUNT-IT, also wat bis viru kuerzem nach de Raid war, de Roverquiz an natierlech d’Participatioun um Pow-Wow.

E-mail Adress:  This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Iwwert dëss Adress kann ee sech un- oder ofmellen fir d'Aktivitéiten an och wann ee Froen un d'Cheffen huet.

Tembo

Tembo

vun 22 bis XX Joer

  • Fränz NAU Haathee entrepreneur

Si sinn déi, déi sech an Equipen vum Programm oder zu speziellen Themen wéi ATH (Activités temporaire en hauteur) engagéiren, Responsabilitéit am Grupp iwwerhuelen, oder och Chargen am Hannergrond iwwerhuelen, wei Logistik, Material, Kachen,… Och dei iwwer 22 sinn durch dës Branche un d’FNEL an de Grupp gebonnen an kennen sech innerhalb vum hierem Stamm weider entwéckelen.

E-mail Adress:  This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.

Iwwert dëss Adress kann ee sech un- oder ofmellen fir d'Aktivitéiten an och wann ee Froen un d'Cheffen huet.

Kontaktéier eis